Assemblée Générale 2012

 

 

 

 

 

(Foto: Coryse Muller)

Den 9. Mäerz hu mir eis guttbesichte Generalversammlung am Restaurant Bräiläffel ofgehalen.

Ënnert den Éieregäscht konnte mir ënner anerem begréissen: Christine Dörner (Deputéiert), Felix Eischen (Deputéierten), Gilles Roth (Député-Maire vu Mamer), Serge Hoffmann (Buergermeeschter vun Habscht), Jeannot Clement (Sekretär vum Südbezierk), esou wéi vill Frënn aus de Nopesch-Sektiounen (Käerch, Kielen) a Memberen aus der Sektioun.

Am Kader vun der Generalversammlung hu mir d’Danielle Thill geéiert, fir déi vill Joeren, déi hatt als Sekretärin vun der Sektioun täteg war a virun allem, fir seng Roll als dreiwend Kraaft vun eis erfollechräicher Wahlcampagne 2011.

MERCI Danielle!