Lancement fir d’Gemengewahle vun 2017

Ganz vill CSV-Sektiounsresponsabeler aus bal alle Gemengen haten den 26. November de Wee op de Lancement fir d’Gemengewahle vun 2017 zu Mënsbech fonnt. E Lancement, dee ganz am Zeeche vun de Virbereedunge vun de Gemengewahlen 2017 stoung. Esou huet de CSV-Generalsekretär Laurent Zeimet de Sektiounen e Vademecum, ewéi och e ganze Package un Servicer virgestallt, vun deem d’Sektioune profitéiere kënnen. De President vun den CSG (Chrëschtlech-Soziale Gemengeréit), de Claude Clemes, huet en éischte Projet vun engem Kaderprogramm presentéiert. De Claude Wiseler, als nationale Spëtzekandidat, an de Parteipresident Marc Spautz hunn nach eng Kéier hir tatkräfteg Ënnerstëtzung am Gemengewahlkampf ënnerstrach.

Och d’Sektioun Stengefort war gudd zu Mënsbech vertrueden (v.l.n.r. Georges ZEIMET, Danielle THILL, Deborah DELLA PENNA, Tom MATARRESE, Jean-Marie WIRTH, Marianne MEYERS)

weider Fotoe vum Lancement fënnt een op der facebook-Säit vun der CSV