CSG-Kongress zu Biergem de 6.2.2017

De 6. Februar war zu Biergem den nationale Kongress vun den CSV Gemengeréit.

Haaptpunkt um Ordre du Jour war de Vote iwwer de Rahmenprogramm fir d’Gemengewahle vum 8. Oktober 2017.

Eis Sektioun war gutt vertrueden: de Jean-Marie Wirth (Buergermeeschter), d’Anne Houllard (Schäffen), den Tom Matarrese (Gemengerot), de Georges Zeimet (Gemengerot) an d’Danielle Thill (Sektiounspresidentin).

D’Danielle souz am Kongressbüro an de Georges war Member vun der Redaktiounsequipe vum Rahmenprogramm.

 

Et war e flotte Kongress, wou vill a kontrovers diskutéiert gouf – e gutt Bild vun enger lieweger Partei, och um Gemengeniveau.