Bezierkskongress vun der CSV-Süden

Den 13. Februar 2017 war zu Kënzeg de Bezierkskongress vun der CSV-Süden.

 
Mir vun der CSV Stengefort ware mat 14 Bezierksdéligéierte gutt vertrueden.
 
Nieft dem Jean-Marie Wirth, eisem Buergermeeschter a Vize-President vum Südbezierkscomité, waren och d’Anne Houllard (Schäffin), d’Bénédicte Janne an den Tom Matarrese (Gemengeréit), d’Danielle Thill (Sektiounspresidentin), d’Déborah Della Penna (Sektiounssekretärin), de Claudio Cerqueira, de Romain Feiereisen, d’Gritty Goebel, d’Denise Jacoby, de Georges Kneip, de Marco Majerus, d’Marie-Jeanne Tornambe an de Jean Tornambe mat dobäi.
 
Duerch eis staark Präsenz hu mir erëm bewisen, dass d’CSV Stengefort eng flott an dynamesch Equipe ass.
 
Mir si frou, dass och déi verschidde Riedner aus dem Bezierkscomité vun der CSV, grad ewéi och de Parteipresident an hiren Interventiounen op d’Aktualitéit zur Flüchtlingsthematik agaange sinn. D’Art a Weis, wéi ee Minister mat der Wourecht ëmgeet an eise Buergermeeschter ëffentlech diffaméiert, gouf um Südbezierkskongress a Fro gestallt a kritiséiert.