Allgemeng Informatiounen

D’CSV an der Gemeng Stengefort

D’CSV an der Gemeng Stengefort zielt ronn 90 Memberen.

Eis Memberzuel ass an de leschte Joere lues awer konsequent geklommen.

All Awunner aus der Gemeng ass häerzlech wëllkomm, fir bei eis Member ze ginn a fir bei eis matzeschaffen.

Viraussetzung ass, dass een sech mat eise Grondsätz kann identifizéieren.

Aktuell si mir mat véier Leit am Gemengerot vertrueden:

  • de Jean-Marie WIRTH, Fraktiounsspriecher
  • d’Bénédicte JANNE, den Tom MATARRESE an de Georges ZEIMET, Conseilleren

 

Wéi mir schaffen:

De Comité

De Comité vun enger CSV Sektioun setzt sech aus op mannst aus dräi gewielten Member zesummen.

Gemengeréit, Deputéiert a Minister aus enger Sektioun gehéieren dem Comité d’office un.

De Comité ass d’Exekutivorgan vun enger Sektioun a muss sech un d’Decisioune vun der Generalversammlung halen.

De Comité wielt aus senger Mëtt e President, e Sekretär, e Caissier a bis zu zwee Vizepresidenten.

De Comité organiséiert a koordinéiert d’Aarbechten an d’Aktivitéiten vun der Sektioun. E representéiert d’CSV an der Gemeng an hält de Kontakt mam CSV-Bezierk a mam Generalsekretariat. Wichtegst Aufgab vum Comité ass d’Preparatioun vun de Gemengewahlen an d’Organisatioun vun de Wahlcampagnen (kommunal a national) an der Gemeng.

De Comité designéiert d’Bezierksdelegéierten an d’Nationaldelegéierten.

D’Bezierksdelegéiert vertrieden d’Sektioun um Kongress vun der CSV am Süden, d’Nationaldelegéiert vertrieden d’Sektioun um Nationalkongress.

De Comité beréit d’Gemengeréit.

Virun de Sitzungen vum Gemengerot gëtt de Comité säin Avis zu de wichtege Punkten vum Ordre du Jour a leet Positioune vun der CSV zu kommunalpolitesche Froe fest.