Aus der Sektioun

Scheckiwwerreechung un d’Fondation Dr Elvire Engel

Den 9. Juli 2018 hu mir dem Comité vun der Fondation Dr Elvire Engel e Scheck vu 500 € iwwerreecht. Dëse Betrag hate mir op eiser Sammlerbourse am Abrëll erwirtschaft mat engem Stand, fir deen eis Memberen Brocanteartikele gestëft haten. Bei Geleeënheet vun der Scheckiwwerreechung krute mir intressant Informatiounen iwwer d’Aarbecht an d’Projete vun der Fondatioun. Et gëtt d’Fondatioun säit ...

Weider liesen

Budget 2018

Den éischte Budget vun der neier Majoritéit wäerte mir eis an der CSV-Fraktioun a -Sektioun ganz genee ukucken. LSAP an “déi Gréng” si jo mat grousse Verspriechen an d’Wahle gaangen, mir sinn dann emol gespaant, wéi a wou déi Verspriechen sech am Budget erëmfanne wäerten a wéivill Akzenter de Buergermeeschter a seng jonk Schäffe fir d’Zukunft setzen. Eng éischt Präsentatioun vum Budget ...

Weider liesen

Presentatioun vun eise Kandidate fir d’Gemengewahlen

Den 3. Mee 2017 hu mir an enger ausseruerdentlecher Generalversammlung eis Kandidate fir d’Gemengewahle vum 8. Oktober 2017 virgestallt an iwwer d’Lëscht ofgestëmmt. Et sinn dat: Jean-Marie Wirth (52), Hoen, Infirmier-gradué, Buergermeeschter a Spëtzekandidat; Claudio Cerqueira (40), Klengbetten, Infirmier-cadre am CHL; Déborah Della Penna (30), Hoen, Assistante-sociale; Annemie Elsen (47), ...

Weider liesen

Assemblée générale 10 mars 2017

En date du 10 mars, la section avait invité à son assemblée générale ordinaire au Restaurant Bräiläffel à Kleinbettingen. Danielle Thill a eu le plaisir de présider une assemblée générale bien visitée avec des présentations de bilans plus que positifs. Parmi les invités nous avions le plaisir de saluer les députés Sylvie Andrich-Duval et Felix Eischen. Notre secrétaire Déborah Della Penna présentait le bilan des ...

Weider liesen

Bezierkskongress vun der CSV-Süden

Den 13. Februar 2017 war zu Kënzeg de Bezierkskongress vun der CSV-Süden.   Mir vun der CSV Stengefort ware mat 14 Bezierksdéligéierte gutt vertrueden.   Nieft dem Jean-Marie Wirth, eisem Buergermeeschter a Vize-President vum Südbezierkscomité, waren och d’Anne Houllard (Schäffin), d’Bénédicte Janne an den Tom Matarrese (Gemengeréit), d’Danielle Thill (Sektiounspresidentin), ...

Weider liesen

CSG-Kongress zu Biergem de 6.2.2017

De 6. Februar war zu Biergem den nationale Kongress vun den CSV Gemengeréit. Haaptpunkt um Ordre du Jour war de Vote iwwer de Rahmenprogramm fir d’Gemengewahle vum 8. Oktober 2017. Eis Sektioun war gutt vertrueden: de Jean-Marie Wirth (Buergermeeschter), d’Anne Houllard (Schäffen), den Tom Matarrese (Gemengerot), de Georges Zeimet (Gemengerot) an d’Danielle Thill ...

Weider liesen