Aus der Sektioun

Lancement fir d’Gemengewahle vun 2017

Ganz vill CSV-Sektiounsresponsabeler aus bal alle Gemengen haten den 26. November de Wee op de Lancement fir d’Gemengewahle vun 2017 zu Mënsbech fonnt. E Lancement, dee ganz am Zeeche vun de Virbereedunge vun de Gemengewahlen 2017 stoung. Esou huet de CSV-Generalsekretär Laurent Zeimet de Sektiounen e Vademecum, ewéi och e ganze Package un Servicer virgestallt, vun deem d’Sektioune profitéiere kënnen. De ...

Weider liesen

1. Mullefest – September 2015

Mir hunn eis eng éischte Kéier an d’Aventure vun engem Mullefest gestierzt. E grousse Succès: Mir an den Télévie soen e grousse Merci un all eis Gäscht an un all déi, déi zwou Hänn ugepaakt hunn. Dat zweet Mullefest fir 2016 ass scho fest ageplangt!

Weider liesen

Assemblée Générale 2012

          (Foto: Coryse Muller) Den 9. Mäerz hu mir eis guttbesichte Generalversammlung am Restaurant Bräiläffel ofgehalen. Ënnert den Éieregäscht konnte mir ënner anerem begréissen: Christine Dörner (Deputéiert), Felix Eischen (Deputéierten), Gilles Roth (Député-Maire vu Mamer), Serge Hoffmann (Buergermeeschter vun Habscht), Jeannot Clement (Sekretär vum Südbezierk), esou wéi vill ...

Weider liesen

Bourse du collectionneur 2011

Wéi all Joer hate mir och 2011 eis grouss Sammlerbourse am Centre Roudemer organiséiert. Dëst Joer war et ewell déi 17. Editioun. Net déi 16., wéi am “Wort” iirrtëmlecherweis bericht.

Weider liesen

Pot de Nouvel An 2011

De 16. Januar 2011 hat d’Stengeforter CSV-Sektioun op hire Neijoerspatt invitéiert. A Präsenz vun CSV Deputéierten an dem Generalsekretär vun der CSV , huet de President vun der CSV Stengefort, Fernando Ribeiro, a senger Usproch all de Leit, Memberen, Sympathisanten a Veräinsvertrieder,  e schéint a glécklecht neit Joer gewënscht. Hien ass kuerz op déi vergaangen Aktivitéite vun der CSV Stengefort agaangen ...

Weider liesen

Keelenowen 26.11.2010

Enn November 2010 hat d’CSV Stengefort hir Memberen op e flotte Keelenowend op Hoën invitéiert. Bei engem gudde Maufel an dem obligate Patt, gouf een Owend laang net “gepolitikt”, mä et si Klatze gejummt ginn. De Wiert aus der Hoënerstuff war es déck zefridden:  seng Kulangen op der Keelebunn blénke wéi nei.

Weider liesen