2012 – Pot de Nouvel An

15. Januar 2012

Och dëst Joer hate mir erëm eisen, scho bal traditionnellen, Neijooschdagspatt organiséiert. Invitéiert waren all Memberen a Frënn vun der Stengeforter CSV-Sektioun, mee awer och d’Vertrieder vun de lokale Veräiner.

Mir ware frou, fir, nieft villen Éiregäscht, vill Leit kënnen an der aler Schmelz ze begréissen a fir esou, an engem ongezwongenen an informelle Kader, iwwer dëst an dat ze sproochen an ze diskutéieren.

15 janvier 2012

Comme les années précédentes, nous avions invité nos membres, nos amis et les représentants des associations locales  à notre pot de Nouvel An qui est devenu une tradition.

Nous étions heureux de pouvoir saluer au centre “Al Schmelz” nos invités et invités d’honneur et d’avoir l’occasion de les côtoyer dans une ambiance décontractée et un cadre informel.

Skate-Parc zu Stengefort – Feierkrop vs. déi ganz Wourecht

Am leschte “Feierkrop” huet dem Krop seng gutt informéiert Lokalkorrespondentin “Ketty Katz” gemengt, de Jean-Marie Würz hätt sech blaméiert, well hien de Projet vum Skater-Parc hätt wëlle stoppen éiert hie vereedegt ass.

Léift Ketty Katz,

Wann Ären, vermengtlech gutt informéiert/en, Undercover-Informant/in Iech intern Informatiounen zouspillt, da soll hien/si dat dann och komplett maachen, well hallef Wourechten sinn ebe keng ganz. Vergonnt him/hir ee Wuert, si soll Iech besser informéieren, soss gëtt dat näischt 😉 .

De Stengeforter Leit wëlle mir awer kuerz soen ëm wat et geet.

De Skater-Parc ass an der leschter Gemengerotssitzung gestëmmt ginn, mat de Stëmme vun der CSV: et ass also guer keng Rieds vu Stoppe vum Projet. Mir wëssen och no de Wahle nach, wat mir virun de Wahlen matgedroen hunn a mir stinn eemol wéi d’anert zum Projet “Skater-Parc”.

Wat mir gefrot hunn, ass, dass d’Aarbechten net sollen ugefaange ginn, well et Bedenke gëtt, wéinst dem Site, op deem dëse Skater-Parc soll amenagéiert ginn. Déi Bedenke kommen ënner anerem vum Léierpersonnal.

Fir keng onnëtz Diskussiounen erbäizeféieren, huet de Jean-Marie Wirth gefrot, fir d’Aarbechten am Suspens ze halen, mat der Iddi, fir eng Diskussioun iwwert de Site ze féieren an no eventuellen Alternativen ze sichen.

Dat huet wéineg bis guer näischt mat Vereedegung oder net ze dinn a scho guer näischt mat “sech-lächerlech-maachen”, mee ass einfach eng Fro vu gesondem Mënscheverstand.

Affaire à suivre also …

Mir schécken eis beschte Gréiss un d’Ketty Katz a freeën eis op eng gutt, fair an humorvoll Zesummenaarbecht.

Mir soen och dem “Feierkrop” Merci, well hien ass eent vun de wéinege Presseorganer, déi matkritt hunn, dass och zu Stengefort eng absolut Majoritéit gekippt gouf.

Pot de Nouvel An 2011

De 16. Januar 2011 hat d’Stengeforter CSV-Sektioun op hire Neijoerspatt invitéiert.

A Präsenz vun CSV Deputéierten an dem Generalsekretär vun der CSV , huet de President vun der CSV Stengefort, Fernando Ribeiro, a senger Usproch all de Leit, Memberen, Sympathisanten a Veräinsvertrieder,  e schéint a glécklecht neit Joer gewënscht.

Hien ass kuerz op déi vergaangen Aktivitéite vun der CSV Stengefort agaangen an huet duerno d’Visioune vun der lokaler Sektioun ënnerstrach.

E ganz grousst Zil fir d’Stengeforter CSV ass et, fir bei de Gemengewahlen am Hierscht 2011 positiv ofzeschneiden. Duerfir ass et immens wichteg, fir weiderhin esou engagéiert a wäitsichteg ze schaffen a konstruktiv Iddiën ze developpéieren.

An der Vergaangenheet huet d’CSV Stengefort bewisen, dass eng ganz Rëtsch vun Iddiën, déi déi haiteg Majoritéit ëmsetzt, aus hire Reie kommen.

De Fernando Ribeiro huet sech och bei den Nopeschsektioune fir déi gutt Zesummenaarbecht bedankt.

De Vizepresident vum Südbezierk, Serge Hoffmann, huet der CSV Sektioun Stengefort déi beschte Gléckwënsch iwwerbruecht a gewënscht dass d’Schaffe vun der CSV Stengefort belount gëtt, fir dass et an 12 Méint zu Stengefort eng Ännerung an de Majoritéitsverhältnisser am Schäffen- an am Gemengerot ze feiere gëtt.

Keelenowen 26.11.2010

Enn November 2010 hat d’CSV Stengefort hir Memberen op e flotte Keelenowend op Hoën invitéiert. Bei engem gudde Maufel an dem obligate Patt, gouf een Owend laang net “gepolitikt”, mä et si Klatze gejummt ginn.

De Wiert aus der Hoënerstuff war es déck zefridden:  seng Kulangen op der Keelebunn blénke wéi nei.

Pot de Nouvel An 2010

Dimanche 10 Janvier 2010

Lors de la petite réception pour le pot de Nouvel An, notre section a eu le plaisir de saluer bon nombre de membres et sympathisants locaux et de personnalités de la vie politique régionale.

Dans son allocution, notre président Fernando Ribeiro pouvait entre autres souhaiter la bienvenue aux députés Sylvie Andrich, Marc Spautz, Felix Eischen, Gilles Roth, Christine Doerner et au bourgmestre de Hobscheid, Monsieur Serge Hoffmann.

Madame Andrich, en sa qualité de présidente du CSV, circonscription sud,  a adressé quelques mots de bienvenue, de meilleurs voeux et d’encouragement à la section.

La réception a donné l’occasion aux invités, membres, députés, bourgmestres et conseillers communaux présents de renforcer les liens amicaux et de s’échanger sur l’actualité politique locale, régionale et nationale.