Skip to content

MERCI !

MERCI !

Mir soen all eise Wieler e grousse MERCI, fir d’Vertrauen, dat si eis entgéintbruecht hunn.
Vertrauen an eis Équipe a Vertrauen an eise Walprogramm.
Fir et mat engem bekannte fréieren däitsche Bundeskanzler ze soen: “Man hat sich bemüht!”
Leider konnte mir net genuch Wieler iwwerzeegen a mir musse mat engem Verloscht vun 11% a vun zwee Sëtz am Gemengerot liewen.

Dat ass natierlech keng einfach Situatioun, mä mir loossen de Kapp net hänken.
Mir sinn iwwerzeegt, dass mir mat gudden Iddien a mat gudde Leit ugetrueden sinn a mir wäerten eis Bescht ginn, fir an den nächste 6 Joer eng gutt a konstruktiv Oppositiounspolitik ze maachen. Dëst zesumme mat der Majoritéit a mat den aneren Oppositiounsparteien aus dem Gemengerot, mä virun allem mat de Bierger aus der Gemeng, fir déi mir zu jidder Zäit Uspriechpartner wëlle sinn.

Dem alen an neie Buergermeeschter Sammy Wagner a senger Équipe wëlle mir fir hiere Walerfolleg felicitéieren.
Mir wënschen hinnen eng glécklech Hand an hiere Mandater an e verantwortungsvollen Ëmgang mat der absoluter Majoritéit.
D’Demokratie lieft vun der Diversitéit vun de Meenungen an déi däerf net op der Streck bleiwen.
Mir vertrauen drop, dass Partizipatioun keen eidelt Wuert ass.

D’Kandidatenéquipe vun der CSV-Stengefort: Déborah, Beatrice, Deborah, Rafael, Georges, Georges, Bénédicte, Claude, Tom, Steve a Claudio.

Beitrag deelen