Skip to content

Eis Sektioun

AllgemengInformatiounen

D’CSV an der Gemeng Stengefort

D’CSV an der Gemeng Stengefort zielt ronn 90 Memberen.
Eis Memberzuel ass an de leschte Joere lues awer konsequent geklommen.
All Awunner aus der Gemeng ass häerzlech wëllkomm, fir bei eis Member ze ginn a fir bei eis matzeschaffen.
Viraussetzung ass, dass een sech mat de Grondsätz vun der CSV kann identifizéieren.

Säit de Wahle vum 11. Juni 2023 si mir mat zwee Leit am Gemengerot vertrueden:
– d’Bénédicte JANNE vu Stengefort
– de Georges ZEIMET vu Klengbetten

Wéi mir schaffen:

De Comité
De Comité vun enger CSV Sektioun setzt sech aus op mannst aus dräi gewielten Member zesummen.
Gemengeréit, Deputéiert a Minister aus enger Sektioun gehéieren dem Comité d’office un.

De Comité ass d’Exekutivorgan vun enger Sektioun a muss sech un d’Decisioune vun der Generalversammlung halen.

De Comité wielt aus senger Mëtt e President, e Sekretär, en Tresorier a bis zu zwee Vizepresidenten.

De Comité organiséiert a koordinéiert d’Aarbechten an d’Aktivitéiten vun der Sektioun. E representéiert d’CSV an der Gemeng an hält de Kontakt mam CSV-Bezierk a mam Generalsekretariat. Wichtegst Aufgab vum Comité ass d’Preparatioun vun de Gemengewahlen an d’Organisatioun vun de Wahlcampagnen (kommunal a national) an der Gemeng.

De Comité designéiert d’Bezierksdelegéierten an d’Nationaldelegéierten.

D’Bezierksdelegéiert vertrieden d’Sektioun um Kongress vun der CSV am Süden, d’Nationaldelegéiert vertrieden d’Sektioun um Nationalkongress.

De Comité beréit d’Gemengeréit.

Virun de Sitzungen vum Gemengerot gëtt de Comité säin Avis zu de wichtege Punkten vum Ordre du Jour a leet Positioune vun der CSV zu kommunalpolitesche Froe fest.

EISEComité

President:
Rafael GOMES

Vize-Presidenten:
Bénédicte JANNE
Steve BLASCHETTE

Administrativ Sekretärin:
Déborah DELLA PENNA

Logistesch Sekretärin:
Deborah VALLENDER

Tresorier: René STROTZ

Memberen:
Beatrice BORDONI
Claudio CERQUEIRA
Georges KNEIP
Roland KUGENER
Sébastien MARCHAL
Tom MATARRESE
Fernando RIBEIRO
Jean-Marie WIRTH
Georges ZEIMET