D’CSV an der Gemeng Stengefort zielt ronn 90 Memberen.
Eis Memberzuel ass an de leschte Joere lues awer konsequent geklommen.
All Awunner aus der Gemeng ass häerzlech wëllkomm, fir bei eis Member ze ginn a fir bei eis matzeschaffen.
Viraussetzung ass, dass een sech mat de Grondsätz vun der CSV kann identifizéieren.
Säit de Wahle vum 11. Juni 2023 ware mir mat zwee Leit am Gemengerot vertrueden:
– d’Bénédicte JANNE vu Stengefort
– de Georges ZEIMET vu Klengbetten
Am Juli 2024 huet d’Bénédicte JANNE aus privaten Ursaachen säi Mandat als Conseillère néiergeluecht.
A senger Plaz ass de Rafael GOMES vu Stengefort nogeréckelt.
De Rafael GOMES gouf den 1. August 2024 als neie Gemengeconseiller vereedegt.
Wéi mir schaffen:
De Comité
De Comité vun enger CSV Sektioun setzt sech aus op mannst aus dräi gewielten Member zesummen.
Gemengeréit, Deputéiert a Minister aus enger Sektioun gehéieren dem Comité d’office un.
De Comité ass d’Exekutivorgan vun enger Sektioun a muss sech un d’Decisioune vun der Generalversammlung halen.
De Comité wielt aus senger Mëtt e President, e Sekretär, en Tresorier a bis zu zwee Vizepresidenten.
De Comité organiséiert a koordinéiert d’Aarbechten an d’Aktivitéiten vun der Sektioun. E representéiert d’CSV an der Gemeng an hält de Kontakt mam CSV-Bezierk a mam Generalsekretariat. Wichtegst Aufgab vum Comité ass d’Preparatioun vun de Gemengewahlen an d’Organisatioun vun de Wahlcampagnen (kommunal a national) an der Gemeng.
De Comité designéiert d’Bezierksdelegéierten an d’Nationaldelegéierten.
D’Bezierksdelegéiert vertrieden d’Sektioun um Kongress vun der CSV am Süden, d’Nationaldelegéiert vertrieden d’Sektioun um Nationalkongress.
De Comité beréit d’Gemengeréit.
Virun de Sitzungen vum Gemengerot gëtt de Comité säin Avis zu de wichtege Punkten vum Ordre du Jour a leet Positioune vun der CSV zu kommunalpolitesche Froe fest.
President:
Rafael GOMES, Stengefort
Vize-Presidenten:
Bénédicte JANNE, Stengefort
Steve BLASCHETTE, Hoen
Sekretärin:
Deborah VALLENDER, Hoen
Tresorier: René STROTZ, Stengefort
Memberen:
Beatrice BORDONI, Grass
Armando DA COSTA, Hoen
Déborah DELLA PENNA, Stengefort
Claudio CERQUEIRA, Klengbetten
Lena LOEFFLER, Stengefort
Vicenta MORENO, Stengefort
Tom MATARRESE, Klengbetten
Alexa PETERS, Stengefort
Georges ZEIMET, Klengbetten
Keesserevisoren:
Luc BERENS, Hoen
Romain FEIEREISEN, Stengefort
Steve BLASCHETTE
Beatrice BORDONI
Claudio CERQUEIRA
Déborah DELLA PENNA
Rafael GOMES
Bénédicte JANNE
Vicenta MORENO
Lisa MACRI
Tom MATARRESE
Alexa PETERS
René STROTZ
Jean TORNAMBÉ
Marie-Jeanne TORNAMBÉ
Deborah VALLENDER
Georges ZEIMET
Steve BLASCHETTE
Claudio CERQUEIRA
Déborah DELLA PENNA
Rafael GOMES
Bénédicte JANNE
Alexa PETERS
Georges ZEIMET