Skip to content

Tour de quartier zu Klengbetten

16/05/2023 – 19h00 am Schoulhaff zu Klengbetten

16/05/2023
Mir haten en interessanten Austausch mat ganz engagéierte Bierger iwwer déi urbanistesch Zukunft vu Klengbetten.
Besonnesch d’Schoul war Sujet vun enger beweegtener Diskussioun.

?Soll d’Schoul am Duerf bleiwen oder ass eng Zentralschoul fir all d’Kanner aus der Gemeng déi richteg Léisung?
Et gëtt gutt Argumenter fir déi eng Alternativ an awer och fir déi aner.

Mir hunn eis an deem Sënn positionnéiert, dass mir am Prinzip fir eng Zentralschoul sinn – mir verschléissen eis awer net valabelen Argumenter.
Wichteg ass, dass op d’Bierger gelauschtert gëtt – mir wiere frou, fir méiglechst vill Réckmeldungen zu dësem Thema ze kréien.

Trotzdem: am Endeffekt mussen déi politesch Decideuren all Argumenter ofweien an tranchéieren.

Foto-Galerie

Beitrag deelen